Angscht virum Brexit?Portrait vun engem Brit, deen de Lëtzebuerger Pass krut

RTL Lëtzebuerg
De Mike Dickinson lieft zanter 26 Joer zu Lëtzebuerg an huet elo och e Lëtzebuerger Pass. Grond: Déi ongewëss Zukunft nom Brexit.
VIDEO: Portrait Mike Dickinson
De Schott lieft zanter 26 Joer zu Lëtzebuerg an huet elo och de Lëtzebuerger Pass.

Zënter 2017 huet d’Zuel vun de Leit, déi déi Lëtzebuerger Nationalitéit ugeholl hunn, sech vervéierfacht. Elleng dat lescht Joer kruten 13.185 Leit de Lëtzebuerger Pass. An eng ganz Partie vun hinne kommen aus Groussbritannien.

D’Duebelnationalitéit hu 435 Briten 2018 kritt, wat sécherlech zum Deel och mat der ongewësser Zukunft vum Brexit ze dinn huet. Ee vun hinnen ass de Mike Dickinson, dee viru 26 Joer aus Schottland op Lëtzebuerg wunne komm ass.

Back to Top
CIM LOGO