
Nodeems sämtlech Staffele vu Casa del papel gekuckt an de selwechte Puzzle fir d’fënnefte Kéier gemaach gouf a fir ze vermeiden, dass engem de Plaffong op de Kapp fält, hu mir genau dat Richtegt fir Iech: d’Poubelle virun d’Dier bréngen.
Richteg gelies: weltwäit amuséiert dës Aktivitéit dausende vu Mënschen. Eng Aufgab, déi normalerweis langweileg, wann net esouguer nerveg ass, an awer eemol d’Woch muss gemaach ginn.

Ob Mann oder Fra, Kand oder Erwuessenen - fir sech wärend e puer Minutte vun der Quarantän ofzelenken, verkleede sech den Ament Mënschen aus der ganzer Welt a loosse sech nieft hirer Poubelle fotograféieren. De Wee fir bei d’Dreckskëscht ass den neie Catwalk vun der Corona-Kris. Ob schick Oweskleeder, e Superheld-Kostüm oder am schottesche Kilt... nieft dem sténkegen Drecksbac mécht jiddereen eng gutt Figur!
Ënnert dem Hashtag #BinIsolationOuting zirkuléieren an de sozialen Netzwierker Fotoe vum neien Trend. En Trend, deen an Australien ugefaangen a séier Zousproch an der ganzer Welt fonnt huet.
Wann dat kee gudde Grond ass, seng Poubelle mat engem Laachen am Gesiicht virun d’Dier ze stellen... Eppes ass sécher: sech ëm den Haushalt ze këmmeren, war nach ni esou spannend!

