Federatioun vu Gäertner a FleuristenPremier kritt wéinst Pandemie 2021 als Eenzegen e Bouquet iwwerreecht

Philippe Dondelinger
Et war bis ewell eng Traditioun, esou ass et dëst Joer fir déi 53. Kéier, ma ënnert anere Konditiounen.
Federatioun vu Gäertner a Fleuristen
Et war bis ewell eng Traditioun, esou ass et dëst Joer fir déi 53. Kéier, ma ënnert anere Konditiounen.

D’Federatioun vun de Gäertner a Fleuristen huet all Joer fir Vältesdag e Bouquet Blummen u verschidde Leit, déi an der Ëffentlechkeet stinn, iwwerreecht, ma dëst Joer ass awer villes aneschters wéinst der Pandemie, an esou hu si sech entschloss, just een eenzege Bouquet z’iwwerreechen, dat un eise Premier.

D’Josiane Walentiny, wat de Cortège all Joer organiséiert a koordinéiert huet an de Ben Struyf , deen dëst Joer de Createur vum Bouquet ass, an och de Vizepresident vun de Jong-Gäertner, sinn dëst Joer fir de Bouquet responsabel. Ma d’Blumme goufe ganz speziell erausgesicht.

Et war bis ewell eng Traditioun, esou ass et dëst Joer fir déi 53. Kéier, dass dësen Dag Blummen iwwerreecht ginn, déi aner Jore war et ëmmer e Cortège mat verschiddene Statiounen, ma dëst Joer ass et eben anescht.

D’Blumme goufen natierlech vum Ben speziell erausgesicht, esou soll de Bouquet symbolesch fir eng Rees vun der Léift mat Hoffnungen, Bewonnerungen, Gebuergenheet, Rou a Schéinheet stoen.

Esou ewéi all Joer, ginn d’Blummen ëmmer am Virfeld vu Vältesdag geliwwert, an esou ass et dëst Kéier och e grousse Moment fir de Ben a seng Ekipp.

Eise Premier war méi wéi frou mat deem klenge Geste an huet direkt iwwer Video-Konferenz der Regierung matgedeelt, dass hien e mat hinnen deele wëll an d’Plaz vum Bouquet elo a sengem Büro wier.

Back to Top
CIM LOGO