
De Prënz Harry a seng Fra Meghan wëlle sech gäre vun hire royale Flichten zeréckzéien a “finanziell onofhängeg” ginn. Dat huet d’Koppel e Mëttwoch den Owend op Instagram matgedeelt.
Et wéilt een sech elo progressiv aus hirer Roll bannent dem Kinnekshaus zeréckzéien a wëllen dru schaffen, onofhängeg ze liewen. D’Koppel huet awer betount, d’Queen wëlle weiderhin z’ënnerstëtzen.