Treffe mat der Queen geplangtPrënz Harry eng éischte Kéier nees op London gereest

RTL Lëtzebuerg
Fir eng Statue vu senger Mamm anzeweien, ass de Prënz Harry fir d'éischt, zanter hien zu Los Angeles lieft, a seng al Heemecht gereest.
© AFP Archivbild

Zanter dem berüchtegten “Megxit” ass dat brittescht Kinnekshaus gespléckt, d’Meghan an de Prënz Harry géint de Rescht vun de Royals. Och d’Bridder William an Harry sinn zanterhier zerstridden, ma zanter dem Begriefnis vum Prënz Philipp schéngt et, wéi wa béid Bridder sech nees méi no kommen. Elo solle si zesummen eng Statue vun hirer Mamm, der verstuerwener Prinzessin Diana, aweien.

Zanter e Freideg ass de Prënz Harry dowéinst zu London, ass vum Heathrow Fluchhafen op direktem Wee an de Frogmore Cottage bruecht ginn. D’Queen soll eng 30 Minutten nom Harry senger Arrivée op dohi gefuer gi sinn.

Ma och e Prënz muss sech un déi brittesch Virschrëfte halen a 5 Deeg an haislech Quarantän. Duerno muss hien nach e Large-Scale-Test maachen, ier en offiziell aus der Quarantän entlooss ass.

Säi Brudder William a seng Fra Kate wunnen iwwregens just 40 Kilometer vum Harry sengem Openthalt ewech. Insider solle verroden hunn, dass d’Queen, no allem wat virgefall ass, nees Fridden an d’Famill brénge wëll.

D’Aweiung vun der Diana-Statue “Sunken Garden” ass den 1. Juli am Kensington Palace. Den Harry ass eleng ugereest, seng Fra Meghan an d’Kanner Archie a Lilibet sinn an hirer amerikanescher Walheemecht bliwwen.

Back to Top
CIM LOGO