Iwwerraschung am belsche KinnekshausPrënz Laurent confirméiert, de Papp vum Clément Vandenkerckhove ze sinn

RTL Lëtzebuerg
De belsche Prënz Laurent huet iwwerraschend bekannt ginn, de biologesche Papp vum Clément Vandenkerckhove ze sinn.
© AFP Archivbild

Et handelt sech hei ëm de Fils vum Iris Vandenkerckhove, besser bekannt ënnert hirem Kënschtlernumm Wendy Van Wanten. Hien hätt an de leschte Joren offen an éierlech geschwat, sou de Brudder vum Kinnek Philippe en Dënschdeg géintiwwer der Noriichtenagence Belga.

D’Nouvelle kënnt onerwaart, de Clément ass antëscht 25 Joer al. Hie gouf also gebuer, nach ier de Prënz Laurent mat senger haiteger Fra Claire Coombs verloobt war.

Back to Top
CIM LOGO