
De Prënz Louis gëtt awer net bestuet. An engem gemeinsamen Interview an der franséischer Zeitung “Point de Vue” hunn de Lëtzebuerger Prënz an déi franséisch Affekotin Scarlett-Lauren Sirgue annoncéiert, datt si sech net wäerte bestueden.
Ufank Abrëll hat 2021 hat d’Koppel an de soziale Medien hir Verlobung bekannt ginn. Eng Hochzäit, déi fir dëst Joer geplangt war, soll et elo awer net ginn. De Grond dofir si Meenungsdifferenzen. Et wéilt een awer Frënn bleiwen, esou de Prënz Louis an d’Scarlett-Lauren Sirgue.
Den drëtteelste Fils vum Grand-Duc Henri war schonn eng Kéier bestuet, dat mat der fréierer Prinzessin Tessy. Si huet de 26. August hiren drëtte Bouf op d’Welt bruecht. De Papp vum klengen Theodor ass de Schwäizer Geschäftsmann Frank Floessel, deen déi fréier Prinzessin zejoert am Juli bestuet huet. Op der Daf vum Theodor am November waren och de Prënz an d’Scarlett-Lauren Sirgue derbäi.