Groussherzoglechen Haff deelt matDe Prënz Louis an d'Scarlett-Lauren Sirgue hu sech verloobt

RTL Lëtzebuerg
Annoncéiert gouf déi gutt Nouvelle en Dënschdeg de Moien op de soziale Medien.
© © Collection privée de LL.AA.RR. le Grand-Duc et la Grande-Duchesse de Luxembourg / Emanuele Scorcelletti

Nodeems Enn Dezember 2020 bekannt gouf, dass de Prënz Louis eng nei Léift fonnt huet, hunn de Grand-Duc a seng Fra elo matgedeelt, dass d’Koppel sech verloobt huet.

© © Collection privée de LL.AA.RR. le Grand-Duc et la Grande-Duchesse de Luxembourg / Emanuele Scorcelletti

Am Message vum Haff heescht et, dass de Grand-Duc an d’Grande-Duchesse hirem Bouf Louis a senger Verloobter Scarlett-Lauren Sirgue alles Guddes wënschen.

D’Scarlett-Lauren Sirgue ass vu Beruff Affekotin a schafft zu Paräis an hirem Cabinet “Sibe Avocats”. Viru gutt engem Joer gouf de Prënz Louis fir déi éischte Kéier un der Säit vum Scarlett-Lauren gesinn, dat bei enger Award-Show.

© © Collection privée de LL.AA.RR. le Grand-Duc et la Grande-Duchesse de Luxembourg / Emanuele Scorcelletti

Back to Top
CIM LOGO