
De Prënz Philip a seng Fra, d’Kinnigin Elizabeth II, hu wéinst der Corona-Pandemie eleng am Windsor Schlass misse feieren. Op der Foto dréit d’Kinnigin e Kleed vun der Angela Kelly, hirer perséinlecher Stylistin, an eng Diamantebroche an der Form vun engem Häerz. Hire Mann huet e Blazer u mat enger Krawatt vun der Household Division vun der brittescher Arméi.
D’Koppel ass zanter 72 Joer bestuet, de Prënz Philip huet sech awer zanter 2017 vum ëffentlechen Deel zeréckgezunn. Zanterdeem hien am Dezember zejoert kuerz hospitaliséiert gouf, ass hie guer net méi an der Ëffentlechkeet gesi ginn.
D’ierfkinneklech Koppel, den Duc an d’Duchesse vu Cambrigde William a Kate, hunn dem Grousspapp op der Internet-Plattform Instagram gewënscht.
Och de Prënz Charles, dem Prënz Philip an der Kinnigin Elizabeth hiren eelste Fils, huet sengem Papp um sozialen Netzwierk gewënscht, mat enger Foto vu sech als Kand mat sengem Papp an engem Boot.
Wéinst hirem Alter zielt d’brittesch Kinnekskoppel zu der besonnesch vulnerabeler Populatioun, bei där eng Infektioun mam neiaartege Coronavirus problematesch kéint ginn. Schonn am Mäerz hate si sech op hiert Schlass zu Windsor, eng 40 km westlech vu London, zréckgezunn. Mëttlerweil sinn am Vereente Kinnekräich iwwer 40.000 Persoune mam Virus gestuerwen.
Och d’Kinnigin Elizabeth hat hire 94. Gebuertsdag, den 21. Abrëll, an aller Diskretioun am enke Familljekrees gefeiert.