Zwou Woche méi spéitPrënz Philip huet sech bei den Affer vum Accident entschëllegt

RTL Lëtzebuerg
No sengem Autosaccident an Ostengland huet sech de Prënz Philipp elo, 2 Woche méi spéit, beim Affer via Bréif entschëllegt.
© AFP

Den 97 Joer ale Monarch war viru bal zwou Wochen an een anert Gefier gerannt, wou eng Mamm vun 28 Joer, hire Puppelchen an eng Bäifuerin drasouzen. D’Fra op der Bäifuerersäit hat sech beim Ongléck d’Handgelenk gebrach, d’Mamm hat e puer Schnëttverletzungen an dem Bëbee ass näischt geschitt.

Scho virun e puer Deeg, hat déi blesséiert Fra sech bei der Press beschwéiert, dass dat britescht Kinnekshaus et net géif fir néideg fannen, eng Reaktioun ze weisen.

Dëst huet den Duke of Edinburgh an engem Schreiwes un d’Affer nogeholl.

“Ech wëll, dass Dir wësst, wéi vill et mir leed deet un dësem Accident bedeelegt gewiescht ze sinn. Ech ka just dovun ausgoen, dass ech den Auto net gesinn hu kommen an ech si mer menger Schold un de Konsequenze bewosst.”

An der Sunday Mirror gouf eng Kopie vum Bréif publizéiert. Doranner schreift de Prënz Philip wéi et zum Accident konnt kommen: Hie wier vun der Sonn geblent ginn. De Mann vun der Queen erkläert och, datt hie sech net ëm d’Affer konnt këmmeren, well hie vu der Police gerode krut, op Sandringham ze fueren, vu datt ëmmer méi Leit sech op der Onglécksplaz versammelt haten.

RTL NEWS: Accident vum britesche Prënz Philip suergt fir hëtzeg Debatten

Back to Top
CIM LOGO