
“Young Empire” ass eng Kleeder- a Miwwelmark virun allem fir Bëbeeën a Klengkanner mat Sëtz an der Schwäiz. De Prënz Félix ass jo schonn an der Wäiproduktioun an am Verkaf dovun aktiv, ma elo huet hie wuel en neie Business gewot, nämlech dee vu Kleeder an Accessoirë fir déi Kleng.
Opfälleg bei der Saach ass, datt net just de Prënz Félix Léopold Marie Guillaume de Luxembourg, wéi hie mat sengem ganzen Numm heescht, selwer als Fotomodel op de soziale Reseaue vun der Mark an op der Internetsäit gedéngt huet, mä datt och de royale Nowuess zesumme mat der Prinzessin Claire virun der Lëns stoungen.
Zesummen huet d’Prënzekoppel mat hire Kanner Amalia Gabriela Maria Teresa a Prënz Liam fir “Young Empire” op enger Rëtsch Fotoe poséiert.