Mat iwwer 200 km/h geblëtztPresséierte Chauffer wollt Radar a Brand setzen a gëtt erwëscht

RTL Lëtzebuerg
Fir kee Protokoll mussen ze bezuelen, well en ze séier ënnerwee war, wollt en Automobilist de Radar opschrauwen a vu banne mat Bensin a Brand setzen.
© AFP Archivbild

De 54 Joer ale Mann war an der Nuecht op e Samschdeg op der Autobunn 93 an Direktioun Rosenheim ënnerwee, mat iwwer 200 Saachen. Hie gouf geblëtzt, wéi d’Police en Dënschdeg matgedeelt huet. Op där Plaz sinn awer just 60 Stonnekilometer erlaabt.

Fir dem Protokoll z’entgoen, huet de Mann d’Baussewand vum Apparat opgeschrauft, wollt e mat Bensin opfëllen an duerno ufänken. Just blöd, dass dee Radar reegelméisseg kontrolléiert gëtt. De Mann gouf in Flagranti vun enger Policepatrull erwëscht a festgeholl.

De Materialschued läit bei geschaten 1.500 Euro. Sämtlech Donnéeë konnten donieft nach ausgewäert ginn, sou dass de Chauffer nieft de Suitte vu senger Dot och nach de Protokoll dobäi kritt.

Back to Top
CIM LOGO