1000 Leit 1 VideoProjectOneLife

RTL Lëtzebuerg
De Matt Bray, Amerikaner, selwer ernannten Youtuber, huet sech en Zil gesat; Leit un d'Laachen ze bréngen. An dat klappt!

Zënter elo 5 Joer filmt sech de Matt bei Saachen, déi hie schonn ëmmer maache wollt; beim Bluttspenden oder Rafting zum Beispill. A sengem neiste Video, deen huet der schonn iwwer 100 bei Youtube eropgelueden, gesäit een 1000 Leit danzen. Dat lescht annerhalleft Joer wat de Youtuber op der Rees, a 15 Länner, dorënner China, Australien, Frankräich a Chile, an huet do mat Fräiwëlleger e klenge Video opgeholl. Op d’Musek vun der amerikanescher Band VHS Collection, huet de Matt Bray en Danz astudéiert an huet dee mat sengen 1000 neie Kollege gedanzt, gefilmt an eropgelueden. Sou léif Geschichte braucht d’Welt och heiansdo. Geet dach :)

Dem Matt Bray säin Channel
Dem Matt Bray säin Instagram Account

Back to Top
CIM LOGO