
Dem US-Portal tmz.com no goufen d’Ermëttlunge géint de Schauspiller agestallt, dee sech viru Geriicht wéinst sexueller Belästegung veräntwerte misst.
De Masseur, duerch deen de Prozess an d’Weeër geleet gouf, soll un engem natierlechen Doud gestuerwe sinn. Well wéinst sengem Doud villes net méi ka bewise ginn, huet sech dat Kalifornescht Geriicht dozou entscheet, d’Uklo falen ze loossen.
Zanter Hierscht 2017 goufen dem Spacey iwwer 30 Fäll vu sexueller Belästegung virgeworf. Et ass net déi éischte Kéier, datt den Acteur enger méiglecher Prisongsstrof entkënnt. Him ass scho virdrun eng Prisongsstrof vu 5 Joer entgaangen, well en Affer net viru Geriicht aussoe wollt.