
Ee Joer, dat ass d’Zäit, déi d’Äerd brauch, fir eemol ronderëm d’Sonn ze dréien.
Allerdéngs brauch se dofir net genee 365 Deeg, mä ganzer 5 Stonnen, 48 Minutten a 46 Sekonne méi.
Ee Sonnejoer dauert also knapp 6 Stonne méi laang.
Géif et net all 4 Joer (mat e puer Ausnamen) en zousätzleche Schaltdag ginn, géif d’Zäit ëmmer méi vun der astronomescher Realitéit ofwäichen.
Net all 4 Joer ass e Schaltjoer. Op 400 Joer gekuckt, mussen 3 Schaltjoer ausfalen, nëmmen esou passen d’Sonnejoer an eis Joren iwwerteneen. Fir erauszefannen, wéi eng Joer ausfalen, muss een e bësse rechnen. D’Joer muss duerch 4 deelbar sinn, dierf awer net duerch 100 deelbar sinn. Et gëtt awer eng Ausnam: ass d’Joer duerch 400 deelbar, dann ass et e Schaltjoer. Sou war 2000 zum Beispill en Schaltjoer, 1900 an 2200 awer net.

Ronn 5 Millioune Mënschen, also mol net 0,01 % vun der Weltbevëlkerung, hunn op engem 29. Februar Gebuertsdag. Dorënner zum Beispill och dat däitscht Model Lena Gerke. An Amerika krut esouguer eng Fra alleguer hir 3 Kanner op engem 29. Februar. E Meedchen am Joer 2012, e Jong am Joer 2008 an den eelste Brudder ass den 29. Februar 2004 op d’Welt komm. Schonn an de 60er Joren hat eng Fra aus Norwegen dat selwecht erlieft: Hir Kanner hunn den 29. Februar 1960, 1964 an 1968 d’Liicht vun der Welt erbléckst.
An Däitschland gëtt et heifir esouguer eng rechtlech Reegelung. Dem Paragraph 188 vun der “Fristberechnung” aus dem “Bürgerlichem Gesetzbuch” no, ginn “Schaltjoer-Kanner” mat Leit, déi den 1. Mäerz Gebuertsdag hunn, gläichgestallt. Wichteg ass dëst zum Beispill mat der Volljäregkeet.
Och de wichtegste Filmpräis, d’Oscaren, goufe schonn 2 mol op engem 29. Februar verginn. Eng Kéier 1940, wou de Film “Gone with the wind” ganzer 10 Präisser ofraume konnt. D’Hattie McDaniel gëtt hei fir hir Roll vun der “Mammy” ausgezeechent. Et ass déi éischt Afroamerikanerin, déi de Präis gewanne konnt. An nach e mol 2004, wou de Film “Lord of the rings” als erfollegräichste Film geféiert gouf. E war an 11 Kategorien nominéiert a konnt se alleguer fir sech gewannen.
Och verschidde Bräich ginn et ëm den 29. Februar. An Däitschland soll an engem Schaltjoer de Mee-Bam vun de Fraen a net vun de Männer opgestallt ginn. An och bei eis gëtt de Spiiss ëmgedréit. A Schaltjore mussen d’Fraen um Bretzelssonndeg hire Männer d’Gebäck kafen a kréien als Géigenzuch um Ouschtersonndeg en Ee.