
Ënnert dem Numm vum Herzog vun Edinburgh sollen an Zukunft rosa-wäiss Rouse vun där selwechter Zort verkaf ginn. Dobäi geet all Kéiers 1 Pond un eng Organisatioun, déi vum Prënz Philip an d’Liewe geruff gouf a sech fir benodeelegt Kanner asetzt.
Nëmmen e puer Woche viru sengem ronne Gebuertsdag ass de Prënz Philip am Alter vun 99 Joer op Schlass Windsor verscheet.