De Raoul Biltgen ass Auteur, Acteur a Psychotherapeut. Zu Wien huet e seng nei Heemecht fonnt wou en och bei der Männerberodung schafft. Hien huet Theaterstécker a Bicher geschriwwen, an op sengem Blog gëtt e Männer a Fraen Äntwerten op sexuell Problemer.
De François Biltgen huet 2013 der Politik de Réck gedréint fir säin Dram vum Riichter um europäeschen Geriichtshaff ze verwierklechen. 30 Joer laang stoung hien am Déngscht vun der Ëffentlechkeet, am Gemengerot, als Schäffen, Fraktiounssekretär, Députéierten, Parteipresident a Minister.
Den Edouard Paquet ass mat 2 Kolleegen an engem Panda d’Mongol-Rallye matgefuer. Dëst Joer ware ronn 350 Ekippen um Depart. Op RTLyou konnt ee schonn 9 Episodë vun dëser Aventure gesinn an dee leschte gëtt et dëse Weekend.