
De 14. Februar ass de Startschoss fir dem Raphael Fiegen seng Expeditioun gefall. Gutt 500 Kilometer geet et fir hien a seng Begleeder mat Hëllef vu Schlittenhënn bei äiseger Keelt duerch de Schnéi.
De Grond fir dës Expeditioun ass eng Spendenaktioun fir d’Methadon Kriibsfuerschung. 2017 huet de Raphael Fiegen säi Papp, de Romain Fiegen, wéinst dëser Krankheet verluer.
Op de sozialen Netzwierker kann een d’Aventure vum Lëtzebuerger suivéieren an och Sue spenden.