
De 34 Joer ale Mann gouf an d’Spidol ageliwwert, wier awer net liewensgeféierlech blesséiert ginn. Informatioune vum “Hessischer Rundfunk” hätt hie sech selwer wéigedoen. No engem Openthalt am Garer Véierel zu Frankfurt hätt sech den Aykut Anhan, bekannt ënnert dem Kënschtlernumm “Haftbefehl”, aus Versinn an den Uewerschenkel geschoss. Wéi et heescht, wier d’Dot ënner Drogen- an Alkoholafloss geschitt.
Hie gëtt den Ament stationär behandelt. Ob hie säin Optrëtt am Auto-Kino zu Karlsruhe muss ofsoen, dee fir de 24. Juli geplangt ass, ass nach net gewosst.