Fir 900 Milliounen DollarRealisateure vu South Park schléissen e mega Deal of

RTL Lëtzebuerg
Fans vun der US-Kultserie kënne sech freeën. Nieft 5 weidere Staffele gouf elo och en Deal fir 14 Filmer ofgeschloss.
© AFP

Deen Deal hunn de Matt Stone an den Trey Parker mat ViacomCBS ofgeschloss. D’Filmer solle fir Paramount Plus produzéiert ginn.

An den USA wäert d’Serie weider op Comedy Central lafen, datt emol op d’mannst bis zu der 30. Saison am Joer 2027. Dëse Kontrakt iwwer 6 Joer léist sech d’Sendergrupp 900 Milliounen Dollar kaschten.

Back to Top
CIM LOGO