PISA - De WëssensmagazinRéckbléck op ee Joerzéngt voller geckeg Experimenter

RTL Lëtzebuerg
Si sinn emol queesch duerch ganz Lëtzebuerg gepaddelt … si hu Glas eleng mat hirer Stëmm zerbrach...
VIDEO: PISA - Réckbléck op ee Joerzéngt voller geckeg Experimenter / Rep. Deborah Ceccacci (5.12.19)
Réckbléck op ee Joerzéngt voller geckeg Experimenter

... si si wäit iwwert d’Wolleke vum Land eropgeklotert ... an hunn eis mat op divers Reesen an d’Vergaangenheet geholl - den Olivier Catani an de Mr Science. Den 19. September 2009 waren déi 2 fir d’éischt zesummen op der Televisioun ze gesinn, kannt hu si sech virdrun net. Ma si haten ee gemeinsaamt Zil: De Leit d’Wëssenschaft an all hire Facetten e Stéck méi no ze bréngen. An dëst Joer feiert hir Sendung ronne Gebuertsdag. Am Virfeld vun hirer Best-of-Pisa-Emissioun dëse Sonndeg, kucke mir zesumme mat hinnen zeréck op ee Joerzéngt PISA – De Wëssensmagazin an op all hir geckeg Experimenter.

Back to Top
CIM LOGO