VietnamRegierungsbeamten dierfe Cheffe keng Komplimenter méi maachen

RTL Lëtzebuerg
Am Vietnam dierfe Regierungsbeamten hire Cheffen an Zukunft keng Komplimenter méi maachen. Dat huet d'Regierung elo decidéiert.
© Shutterstock

Donieft ass et an Zukunft och verbueden, d’Häerz vum Chef z’erueweren an och gewësse aner Verhalensweise goufen nei gereegelt. Betraff ass zum Beispill d’Drénken op der Schaff an d’Benotze vu soziale Medien.

Wie sech net dodrunner hält, dee muss vun elo un mat disziplinaresche Moossname rechnen.

Back to Top
CIM LOGO