
E kanadesche Sammler huet ëmgerechent 390.000 Euro ausginn, fir de “Moon Shoe” aus dem Joer 1972 kënnen ze kafen. Dat huet d’Auktiounshaus Sotheby’s en Dënschdeg matgedeelt.
Mat där Zomm gouf den aktuelle Weltrekord fir e Sportschong bei wäitem iwwertraff: 2017 waren e Puer Converse-Sportschong, déi d’Basketballlegend Michael Jordan an der Finall vun den Olympesche Spiller 1984 unhat a spéider signéiert huet, bei enger Auktioun fir 190.373 Dollar versteet ginn.
Den elo versteete “Moon Shoe” hat Sotheby’s no e geschate Wäert vun 160.000 Dollar. E gouf vum Nike-Matgrënner Bill Bowerman perséinlech entworf. Hiergestallt gouf de Schong am Virfeld vun den Olympesche Summerspiller 1972. Sotheby’s no ginn et just 12 där Schong.
De Sammler Miles Nadal, deen d’Schong kaf huet, ass iwwerglécklech. D’"Moon Shoes” gehéiert zu de seelenste Sportschong, déi jeemools hiergestallt goufen. Den 61 Joer ale Kanadier hat virun enger Woch eréischt fir 850.000 Dollar 99 Puer aner seele Sportschong kaf. Hie wëll déi, zesumme mat de “Moon Shoes” a sengem Privatmusée zu Toronto ausstellen.
