VIDEO-ReportageReservéieren an net ofsoen - eng Plo fir de Restaurateur
Wann ee bei Kollegen invitéiert ass an net kommen kann, da seet ee mat Zäite Bescheed, dass si net fir ze vill Leit kachen ... an am Restaurant?
VIDEO: Reservatiounen a Restauranten - Eng Plo fir de Restaurateur
Wann ee bei Kollegen invitéiert ass an net komme kann, da seet ee mat Zäite Bescheed, dass si net fir ze vill Leit kachen. Ma am Restaurant?
Och do wëll ee wëssen, wéi vill Leit deen Owend iesse kommen. An awer annuléieren ëmmer méi Leit hir Reservatiounen am Restaurant net, wa si net kommen.
Wéi gesäit d’Situatioun zu Lëtzebuerg aus, wat sinn d’Konsequenze vun engem eidelen Dësch a wat ginn et fir Léisungen?
Mir ware bei e Restaurant op Jonglënster nofroen, wéi dacks Leit einfach esou net opdauchen.