
30 Joer laang huet d’Kächin an der Gastronomie geschafft. Déi 57 Joer al Éisträicherin huet op Facebook matgedeelt, datt d’Corona-Kris een deel vun hirer Firma getraff hätt an datt hire Gastronomie-Betrib elo faillite wier.
Si huet de Facebook-Post genotzt, fir hire Mataarbechter Merci ze soen. Verschiddener hätten deels “iwwer 15 Joer” mat hir gekacht a geschafft. Si hätten et leider net duerch d’Kris gepackt. D’Kächin géif awer hoffen, datt de Rescht vum Horesca-Secteur d’Kris iwwerliewe géif.
