Mat 70 JoerRichard Gere ass eng drëtte Kéier Papp ginn

RTL Lëtzebuerg
Wéi déi spuenesch Zeitung "Hola" schreift, wier dat zweet gemeinsaamt Kand vum Richard Gere a senger Fra Alejandra Silva op d'Welt komm.
© twitter / promipool.com

2019 huet hiren éischte Bouf d’Liicht vun der Welt erbléckst. Kuerz no senger Gebuert huet de Schauspiller bekannt ginn, dass si en zweet Kand géingen erwaarden. Iwwert de Verlaf vun der Schwangerschaft huet d’Koppel net vill Informatioune präisginn.

Den Numm vun hirem zweete Jong gouf bis ewell nach net verroden. Et muss ee sech also nach e bësse gedëllegen.

Zanter 2014 sinn déi frësch gebaken Elteren zesummen, 2018 war d’Hochzäit. Virdru war de Richard Gere mam Carey Lowell bestuet. Aus där Bezéiung staamt och säin éischt d’Kand Homer.

Back to Top
CIM LOGO