Live! Planet People am ReplayRonderëm d'Staatsbegriefnes mat ë.a. dem Pierre Dillenburg an den Stéphane Bern

RTL Lëtzebuerg
Een Dag virum Staatsbegriefnes fir eise verstuerwene Grand-Duc Jean steet de Live! Planet People ganz am Zeeche vun eisem fréiere Staatschef.
VIDEO: Live! Planet People spezial: Begriefnes Grand-Duc
Den Talkmagazin um Freidegowend, e flotte Mix aus aktuellen Themen an interessante Leit.

De Pierre Dillenburg ass en Insider vum Lëtzebuerger Haff an hien erënnert sech u seng alleréischter Renconter mam Grand-Duc Jean. Hie weess awer och am Detail wéi eng prominent Gäscht op deem trauregen Dag derbäi sinn a wéi den Oflaf vun der Trauermass muer an der Kathedral ass.

Och de Stéphane Bern huet sech op Lëtzebuerg deplacéiert, fir dem Monseigneur eng leschte Kéier Äddi ze soen, an hien op sengem leschte Wee ze begleeden. Fir hie stierft en Held aus senger Jugend. De Bern ass Joergang 1963 an den 12. November 1964 koum de Grand-Duc Jean op den Troun. Eppes, wat bleift, ass d’Buch iwwer de Grand-Duc Jean, dat de Stéphane Bern him perséinlech zu Fëschbech am Schlass iwwerreeche konnt.

De Frantz Charles Muller huet mam Grand-Duc Jean d’Virléift fir d’Natur gedeelt. De fréiere President vun der Natura a vun Natur&Ëmwelt huet méi wéi eng Kéier mat him bei der Journée de l’arbre Beem geplanzt a sech iwwer d’Scouten ënnerhal. Als fréieren Direkter vum Service National de la Jeunesse huet de Frantz Charles Muller de Grand-Duc awer och bei der Zeremonie vum “Mérite Jeunesse” gesinn.

De Fotograf Guy Wolff huet de Grand-Duc Jean iwwer vill Jore begleet an och méi privat Momenter um groussherzoglechen Haff am Bild festgehalen. Zum Haff-Fotograf senger grousser Sammlung zielen och Fotoe vu Cabasson oder vu grousse Staatsvisitten.

Back to Top
CIM LOGO