
Konsequenz fir de Xavier Naidoo: en huet d’Jury vun der Castingshow misse verloossen. “No den ëmstriddenen Äusserunge vum Xavier Naidoo an dem Video, deen hie selwer gedréit huet, deen haut an de sozialen Netzwierker gedeelt gouf, huet RTL entscheet, de Sänger aus der Jury vun “Deutschland sucht den Superstar” ze geheien”, heescht et vun RTL.
Op Facebook huet hie sech zu Wuert gemellt an erkläert, seng Aussoe wieren absolut falsch interpretéiert ginn. Zu den Hannergrënn an der Entstehung vum Video seet hien awer näischt.
Op Twitter kritt den däitsche Soulsänger vu villen Notzer Rassismus a Friemenhaass virgeworf. Et wier net déi éischte Kéier, dass hie béides virgehäit géing kréien.