Chute aus 300 Meter HéichtRuss léisst säin 180.000-Euro-Mercedes verschrotten (VIDEO)

RTL Lëtzebuerg
Ganzer 180.000 Euro soll de Youtuber Igor Moroz fir eng Mercedes-Benz G-Klass (AMG G63 C) op den Dësch geluecht hunn.
© Twitter / AutoJosh NG

Well säin eemolegen Dramauto net sengen Erwaardungen entsprach huet, huet sech de russeschen Influencer eppes ganz Besonnesches afale gelooss... Op der Juegd nom nächsten Adrenalin-Kick huet hie sech entscheet, d’Gefier net ze verkafen, mä op “spektakulär” Manéier lass ze ginn. Mat engem Helikopter gouf den SUV an d’Luucht gehuewen an aus 300 Meter Héicht an d’Déift stierze gelooss.

Dem “Stern” no soll d’Aktioun 3.600 Euro kascht hunn. En deiere Spaass, dee méi wéi 1,4 Millioune Mol an de sozialen Netzwierker gekuckt gouf a fir hefteg Diskussioune gesuergt huet.

Back to Top
CIM LOGO