Fro den AffekotRyanair vu belschem Geriicht verklot

Bob Konsbruck
Verschidde Praktike vun der Bëllegfluchgesellschaft net konform mam Omnibus-Gesetz.
© Grafik RTL

Wat bedeit dat fir eis? Profitéiere mir och elo, a ginn sou Praktiken déi een net duerchkucke kann an Zukunft ënnerlooss?

D’lescht Woch ass an der Belsch eng Klo géint eng Low-Cost-Fluchgesellschaft ervirgaangen, well si op hirer Websäit mat Praktiken opfält, déi mam Omnibus-Gesetz net méi konform sinn. Dobäi geet et ëm kënschtlech Drénglechkeet – wéi Messagen, déi behaapten, et wären „nach just e puer Plazen“ fräi – an ëm extra Käschten, déi eréischt spéit am Buchungsprozess opdauchen, beispillsweis fir Gepäck oder aner Servicer.

Am Kader vun engem Recours collectif ass festgestallt ginn, datt vill Konsumenten e Schued haten an datt d’Praktiken net transparent waren. Heiansdo goufe Präisser ugewisen, déi sech herno als méi héich erausgestallt hunn, oder et goufen „falsch Alarmer“ benotzt – änlech wéi bei Hotelplattformen.

D’Geriicht huet d’Firma verurteelt an opgefuerdert, dës Methoden ofzeschafen. Fir all Dag, wou dat net geschitt, kënne bis zu 5.000 Euro u Strofe ufalen.

Interessant ass, datt esou eng Entscheedung och fir Lëtzebuerg Relevanz kéint hunn: zënter 2025 ass och hei de Recours collectif méiglech, wou Konsumenten – iwwer eng qualifizéiert Organisatioun wéi de Konsumenteschutz – kollektiv géint onfair Praktike virgoe kënnen.

Ob d’Industrie dës Praktiken elo wierklech komplett ënnerléisst, bleift awer oppe. Wéi de Maître Schonckert et seet: d’Tentatioun ass grouss, well de Benefice heiansdo méi héich ass wéi de Risiko. Dowéinst bleiwe kloer Reegelen a Kontrollmechanisme wichteg.

Back to Top
CIM LOGO