
Déi ganz Zäit wéi d’Grenzen tëscht dem däitsche Lauterbach an dem franséische Carling zou waren, koum hien och net u seng frësch Baguette aus der gewinnter “Boulangerie” an der Géigend. No senger witzeger Aktioun, d’Baguette einfach mat enger Aangel ze fëschen, soll d’Ouverture vun de Grenzen och richteg gefeiert ginn.
Den 68 Joer ale Saarlänner léisst e Méindeg extra en 2 Meter laangt “Grenzbrout” baken.
D’Brout gëtt op där enger Säit mat engem franséische Fändelchen dekoréiert, op der anerer Säit mat engem Däitschen. An d’Mëtt kënnt eng Barrière, déi wärend der gemeinsamer Kaffispaus mat de franséischen Noperen symbolesch ëmgeheit gëtt. Nieft dem Brout gëtt et nach Béier, Wirschtercher, souwéi Wäin a Kéis.
Déi ganz Aktioun steet ënnert dem Motto: “Endlech: Si hunn et kapéiert, d’Grenze si fort, Europa ass nees do”. Den Hartmut war därmoosse schockéiert, wéi Mëtt Mäerz alles verbarrikadéiert war, dass hie géint den Inneminister Horst Seehofer kloe wollt. Säin Affekot a seng Fra hätten hien awer dovun ofgehale kritt.