Räich duerch Sardinne-Béchsen„Sard Coins" als lukrativ Investitioun

RTL Lëtzebuerg
Et ass nawell eng verréckten Iddi: Sardinne gi geholl als Basis fir eng nei virtuell Wärung.
„Sard Coins" als lukrativ Investitioun
Et ass nawell eng verréckten Iddi: Sardinne gi geholl als Basis fir eng nei virtuell Wärung.

Heescht näischt anescht, wéi dass een a Sardinne-Béchsen investéiert. Wéineg Leit wëssen nämlech, dass et e ganze Marché gëtt, dee sech fir d’Delikatessen aus der Béchs interesséiert. Den Ament leien am Keller vum Start-up “My Sardines” eng ronn 11.000 Béchse mat Sardinnen. D’Iddi vun den Fondateuren, Charlotte Ripetti a Jérôme Grandidier, ass et, eng Kryptowärung ze schafen op der Basis vun engem physesche Produkt. Domadder soll manner Spekulatioun kënne bedriwwen ginn an et mécht de Marché vun de Kryptowärungen op, fir Leit, déi net eng enorm Mass u Sue wëllen investéieren.

Dofir ass de System och zimmlech einfach gehalen. Ee virtuellen „Sard Coin” ass den Equivalent zu enger Béchs Sardinnen. Wat vill Leit nämlech net wëssen, ass, dass Sardinne mat de Joren enorm u Wäert gewannen. Awer nëmmen déi sougenannte Millésime-Béchsen. Zum Beispill gouf viru Kuerzem op Ebay eng Béchs Millésime-Sardinnen aus dem Joer 2005 fir 56 Euro verkaf. Den Akafspräis läit duerchschnëttlech bei ronn 4 Euro. Dat ass e Gewënn vun 30% pro Joer. De Virdeel, wann een iwwert de Start-up fiert an net selwer ufänkt, eng Onmass u Béchsen elo doheem ze stockéieren, wier, dass een d’Béchse bei hinne ka leie loossen, se richteg gelagert ginn an ee se awer zu all Moment ka siche goen, falls ee se wéilt hunn. Wéi gutt dat elo funktionéiert, misst een nach ofwaarden.

Hiert gréissten Zil wier et, dass een och herno an de Butteker mat de Sard Coins kéint bezuelen, an dass se hire Business sou weider kéinten developpéieren, dass een net méi just a Sardinne-Béchse seng Sue kéint investéieren, mä dass hiert Konzept och nach op aner Luxusproduiten iwwerdrobar wier.

Back to Top
CIM LOGO