Hang erofgefallSchauspiller a Komiker Kevin Hart bei Autosaccident uerg blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Uerg Blessuren um Réck huet de Schauspiller sech zougezunn, nodeem s hien als Bäifuerer mat engem Oldtimer en Hang bei Los Angeles erofgefall war.
© AFP (Archiv)

E Sonndeg wier et zum Accident komm, bei deem 2 Persoune méi uerg blesséiert goufen. Den 28 Joer jonke Chauffer, dee mam Plymouth Barracuda aus den 80er Jore gefuer ass, huet d’Kontroll um Mulholland Highway bei Los Angeles iwwert säi Gefier verluer an ass en Hang erofgefall.

Dobäi gouf de Chauffer selwer, wéi och de Kevin Hart, deen ënner anerem aus Jumanji bekannt ass, uerg um Réck blesséiert. Déi drëtt Persoun am Auto, d’Modell Rebecca Broxterman, wat de Personal Trainer vum Kevin Hart ass, koum ouni Blessuren dovun.

Eng Foto vum Instagram-Account vum Rebecca Broxterman

Back to Top
CIM LOGO