Live! Planet People elo am REPLAYSchauspiller Tommy Schlesser an Illusionist David Goldrake

RTL Lëtzebuerg
Den Tommy Schlesser huet iwwert seng nei Haaptroll als Papp an den David Goldrake huet seng Pläng fir d'Zukunft verroden.
VIDEO: Live! Planet People mam Tommy Schlesser an David Goldrake
Den David Goldrake huet seng Vegas-Show zougemaach a schafft elo un neie Projeten. Den Tommy Schlesser krut no sengem Pilcher-Film vill positiv Reaktiounen.

Den 10. Februar ass um ZDF dee Rosemunde-Pilcher-Film gelaf, wou den Tommy Schlesser d’Roll vum Sam gespillt huet, deen eng heemlech Relatioun mat engem Futtballspiller huet. An den däitsche Medie gouf vill iwwert dës Episod geschwat a geschriwwen. Net nëmme well déi bekannte Schrëftstellerin kuerz virdru verstuerwen ass, mä och well et déi éischte Kéier ass, dass an engem Pilcher-Film eng homosexuell Geschicht am Mëttelpunkt stoung. Mir schwätze mam Schauspiller awer och iwwert seng wichtegste Roll am Moment: déi vum Papp. Am Oktober kruten hien a seng Fra Jill e klengt Meedchen.

RTL-Artikel: Film mam Tommy Schlesser: Rosamunde Pilcher behind the scenesNo iwwert 300 Virstellungen, wou hie vill Spectateure begeeschtert huet, huet den David Goldrake am September seng Show “Imaginarium” zu Las Vegas zougemaach. Am Moment preparéiert hien nei Projeten, esouwuel an den USA wéi och hei am Land. Seng Zäit am Tropicana-Casino war zimlech ustrengend. Hien huet deelweis 16 Stonnen den Dag, 7 Deeg an der Woch geschafft. Dofir profitéiert hien och vu senger klenger Auszäit, fir nei Energie ze tanken.

Back to Top
CIM LOGO