
Alt nees eng Kéier gouf d’Schauspillerin Jane Fonda fir hiren Engagement fir méi Klimaschutz vun der Police festgeholl. D’Hollywood-Ikone hat e Samschdeg zu Washington bei enger Protestaktioun matgemaach. A fir déi fënnefte Kéier zanter Oktober hunn d’Beamte si matgeholl. Elo kéint eng méi héich Strof op d’Actrice duerkommen.
D’Schauspillerin krut dëse Samschdeg iwwregens hir 82 Joer.