#MirBleiwenZesummenSchéckt e Video eran a maacht Ärer Famill eng grouss Freed

RTL Lëtzebuerg
Grad an Zäite vum Confinement gräife Grouss a Kleng gären emol op déi modern Technik zeréck, fir a Kontakt mat hirer Famill an hire Frënn ze bleiwen.

Et ginn awer nawell eng Rëtsch Leit zu Lëtzebuerg, déi kee Smartphone an och kee Computer besëtzen. Meeschtens sinn dat eeler Leit, Elteren oder Grousselteren. Fir dëse Familljememberen eng Freed ze maachen, huet Orange sech eppes afale gelooss.

#MirBleiwenZesummen
Schéckt e Video eran a maacht Ärer Famill eng grouss Freed.

Op der Plattform www.mir-bleiwen-zesummen.lu kann een e Video vu 5-10 Sekonnen eroplueden an déi Leit gréissen, déi engem an Zäite vu #bleiftdoheem am meeschte feelen. Net ze vergiessen: den Numm a Virnumm vun där Persoun am Video nennen, un déi sech dëse klenge Kaddo riichte soll. Déi éischt Messagë ginn e Méindeg den Owend (27.4.2020) op RTL Télé Lëtzebuerg diffuséiert.

Méi Informatioune fannt Dir hei am Communiqué.

Back to Top
CIM LOGO