
Dass een net alles gleewe soll, wat een am Internet liest a gesäit, ass gewosst. Verschidde Geschichte sinn heiansdo einfach ze schéin, fir wouer ze sinn. Dat hu sech warscheinlech och e puer User geduecht, déi schonn zanter hirer Kandheet dovun dreemen, an engem Schlass ze wunnen.
Am Internet steet nämlech, dass Schlass Bierg fir manner wéi 1 Millioun Euro soll verkaf ginn. Dréckt een op dës “Annonce”, kritt ee gesot, dass déi Säit net existéiert.
Fir all Dreemerten, déi op der Sich no hirem Dramhaus sinn: Opgepasst! Schlass Bierg gëtt net verkaf, et ass eng Arnaque!