Kultur, Ëmwelt an NaturSchlassfest zu Aansebuerg feiert 30. Gebuertsdag

RTL Lëtzebuerg
Um Ufank war et just ee klengt Fest ënner Kollegen, haut ass d’Schlassfest ee grousst multikulturellt Evenement.

Nieft Animatiounen a Musek, kann een um Schlassfest zu Aansebuerg virun allem déi verschiddenst Kulturen a Länner kenneléieren. Op enger ganzer Rei Stänn kritt ee Spezialitéite vun iwwerall ronderëm d’Welt, ze schmaachen, oder och artisanal Produiten ze kafen. An dëst einfacht Konzept schéngt bei de Visiteure gutt unzekommen.

Schlassfest zu Aansebuerg feiert 30. Gebuertsdag
Um Ufank war et just ee klengt Fest ënner Kollegen, haut ass d’Schlassfest ee grousst multikulturellt Evenement.

Nieft dem kulturellen Aspekt, spillt awer och d’Thema Ëmwelt an Natur eng grouss Roll. Mat enger Course fir de gudden Zweck goufe Suen fir ee Reforestatiouns-Projet gesammelt an a verschiddenen Ateliere konnt ee méi iwwert en nohaltege Liewensstil gewuer ginn. Am “Zero Waste” Atelier léiert een zum Beispill wéi ee selwer aus ale Stoffer vun T-Shirten oder Strëmp ee Schwamm ka maachen. D’Zil ass et déi synthetesch Schwämm ze evitéieren, déi sech no enger Zäit zersetzen an esou Plastik an d’Waasser bréngen. En aneren Tipp, deen een am Atelier kritt, ass wéi een aus Beiewuess een Duch ka bastelen, fir zum Beispill Iessensreschter anzepaken. D’Benotze vum Aluminiumspabeier gëtt esou iwwerflësseg, an et entsteet keen Dreck, erkläert d’Nathalie Gonzalez.

Dass een aus Offall awer och Kreatives maache kann, gesäit een am Recycling-Atelier vum Alain Gouard. Zesumme mat senger Ekipp sammelt a sortéiert hien den Offall vun de Stänn um Festival, a bastelt doraus abstrakt Poppen a Kreaturen.

Wat beim Schlassfest natierlech net dierf feelen, sinn déi guidéiert Féierunge vun de Gäert vum Schlass. Hei kann een de Rousegaart kucken, a méi iwwert d’Geschicht vum Gaart an de Statue léieren. Wien d’Schlass gär vu banne wëllt gesinn, muss awer bis d’Journées du Patrimoine am September waarden.

Back to Top
CIM LOGO