
D’Stad Ulm stellt zwou mobil Schlof-Kapselen deene Leit zur Verfügung, déi wärend der Wanterzäit keng Schlofplaz hunn an déi aner Offere wéi zum Beispill Iwwernuechtungsméiglechkeete fir Sans-abrien evitéieren.
Déi mobil Schlofraim sinn hëlze Konstruktiounen, déi een opklappe kann an an deenen een am banneschten Deel eng Schlofplaz fënnt. D’Resonanz soll wärend enger Proufzäit vun e puer Méint wëssenschaftlech ënnersicht ginn, esou heescht et aus der Abteilung fir Soziales vun der Stad Ulm.
Trotz guddem Wëllen an enger innovativer Iddi vun de Produzenten, fir de Sans-abrien eng Schlofplaz am Wanter ze bidden a si esou eventuell virum Doud duerch Frascht ze schützen, äussere sech och kritesch Stëmme géint dëse Pilotprojet. Esou stéiere sech Géigner beispillsweis un der Gréisst vun der Schlof-Kapsel, awer och d’Optik stéisst de Kritiker op d’Gemitt: se géif ze vill engem Sarg gläichen.
Leit ouni Daach iwwer dem Kapp, déi dës Kapsel bei der Virstellung méi genee ënnert d’Lupp geholl hunn, hu sech duerchaus positiv iwwer dësen Iwwerliewensschutz geäussert.