
De Format hat just 3 Prozent Maartundeel bei de 14 bis 49 Joer Alen, also ronn 200.000 Spectateuren ... an dat war net genuch.
De Claude Paulus, deen zënter 11 Joer an Däitschland lieft an do ënnert anerem als Fotomodel a Schauspiller schafft, war no enge sëlleche méi klenge Rolle vun RTL2 fir d’Casting-Soap “Chartbreaker” engagéiert ginn. Hien huet do de strenge Jurymember Louis Lambert gespillt.
De leschte Freideg war de Claude Paulus Invité am Live! op der Tëlee.