Am PalaisScho virun Ouschterméindeg huet d'groussherzoglech Koppel Péckvillercher inspizéiert

RTL Lëtzebuerg
Et ass eng Lëtzebuergesch Traditioun op Ouschterméindeg: d'Eemaischen. Déi groussherzoglech Koppel konnt scho virdrun e Bléck op d'Péckvillercher werfen.
© Maison du Grand-Duc

E Méindeg kann een déi bont, musikalesch Villercher aus Leem, déi bei Sammler besonnesch beléift sinn, nees um Maart an der Stad an zu Nouspelt bewonneren. All Joer gesäit d’Kollektioun e bëssen anescht aus. Wat dëst Joer d’Leit op der Eemaischen erwaart, konnte sech de Grand-Duc Guillaume an d’Grande-Duchesse Stéphanie schonn am Virfeld ukucken.

Wéi den Haff op sengem offiziellen Instagram-Site matdeelt, hätt d’Koppel “Vertrieder vun den Organisateuren, dem Comité Alstad an der Nouspelter Eemaischen”, empfaangen. Op de Fotoen aus dem Palais ass ze gesinn, wéi si ënnert anerem een Télévie-Péckvillchen, an zwee gekréint Péckvillercher zu Éiere vum Trounwiessel méi genee inspizéiert hunn.

Back to Top
CIM LOGO