Serie aus de 50er JorenSchonn deemools wollt e gewëssen Trump eng Mauer bauen

RTL Lëtzebuerg
Am Internet zirkuléiert am Moment eng Serie aus de 50er Joren, an där en Trump eng Mauer baue wëll. D'Ähnlechkeet mam aktuellen US-President ass frappant.
© youtube

Et kléngt bal esou, wéi wann de Clip aus enger US-Serie aus de 50er Joren esou vill Parallelle mam aktuellen US-President Donald Trump huet, dass et am Fong just kann e Fake sinn. Ma deem ass emol eng Kéier net esou.

Dës Serie aus dem Joer 1958 mam Numm “Takedown” gouf et tatsächlech an och d’Episod (“The End of the World”) iwwert e gewëssen “Trump” deen eng Mauer baue wëll, ass authentesch. D’Serie gouf op CBS diffuséiert.

An der Episod geet et dorëms, dass e Gauner, mam Numm Walter Trump enger Stad eng Mauer opdréie wëll, fir d’Stad virum Béisen, virum Ënnergang ze retten. Hie bräicht just genuch Geld fir se kënnen ze bauen.

De Clip ass schonn zënter Joren op de sozialen Netzwierker ze fannen, ma elo huet de Video nees u Popularitéit gewonnen, dat natierlech duerch de Shutdown an den USA, dee jo ënnert anerem och duerch de Bau vum Trump senger Mauer provozéiert gouf.

Back to Top
CIM LOGO