Pride WeekSchüler aus dem Lycée zu Bouneweg wëllen hir Matschüler sensibiliséieren

RTL Lëtzebuerg
Am Kader vun der Pride Week waren net nëmmen de Christopher Street Day zu Köln oder d'Street Fest zu Esch.

Leschte Weekend war erëm de Christopher Street Day zu Köln, op deem et jo ëm méi Akzeptanz fir Homsexueller, Bisexueller an Transgender geet. Zu Lëtzebuerg ass an deem Kontext dëse Weekend de Street Fest zu Esch. E faarwegen Ofschloss vun der Pride Week. Eng ganz Woch voller Manifestatiounen, Table Ronden, Filmer, Vernissagen a Fester an do kann een dëst Joer nees e positive Bilan zéien.

Ma et musse keng Fester sinn, fir sech fir d’Gläichberechtegung a méi Akzeptanz anzesetzen. D’Schüler vum Lycée Technique zu Bouneweg haten zum Beispill eng Presentatioun op d’Bee gestallt, mat där een d’Matschüler sensibiliséiere wëll.

VIDEO: Pride Week: Street Day zu Ech a Sensibiliséierung am Lycée
D’Schüler zu Bouneweg hunn eng Presentatioun op d’Bee gestalt, fir hir Matschüler ze Sensibiliséierung.

Back to Top
CIM LOGO