Wäertvoll SpendSchutzmasken u Klinicke gespent

RTL Lëtzebuerg
Déi aktuell sanitär Kris verleet vill Leit zu spontanen a kreativen Aktiounen.
Schutzmasken u Klinicke gespent
Déi aktuell sanitär Kris verleet vill Leit zu spontanen a kreativen Aktiounen.

Och den David Pinto hat eng gutt Iddi. Well d’Chantieren, déi hien als techneschen Direkter koordinéiert, elo mussen zoumaachen, wollt hien dorausser dat bescht rauszéien.

An zwar huet hien déi Schutzmasken, déi fir d’Aarbechter op de Chantiere kaaft goufen, an elo net méi gebraucht ginn, spontan gespent u Plazen, wou se wierklech noutwendeg sinn. Nieft Altersheemer och u Klinicken. Dermadder wëll hien aner Entrepreneuren derzou motivéieren, dat nämmlecht ze maachen.

Back to Top
CIM LOGO