An internationale Groussstied ass et scho laang en Trend-Thema: Second Hand a Vintage. Sief et bei Kleeder, Accessoiren, Deko oder Miwwelen. Och hei am Land deele Leit dës Passioun, mee ass den Trend scho richteg zu Lëtzebuerg ukomm oder bleift et en Nischen-Thema?
Mir hunn 4 jonk Frae begleet, déi am leschte Joer ganz ënnerschiddlech Konzepter an d’Liewe geruff hunn.
D’Laure Cales ass iwwert de Gedanke vun der Nohaltegkeet op d’Thema Second Hand komm. Déi 30 Joer jonk Fra huet sech ëmmer scho fir d’Ëmwelt agesat a gesäit an hirem Second-Hand-Shop Pilea d’Méiglechkeet, ganz aktiv eppes zum Kampf géint d’Fast-Fashion-Industrie bäizedroen. D’Schlëssele fir hire Buttek krut si am Januar 2020. Dovun, dass se net ewéi geplangt am Mäerz, mä eréischt am Mee opmaache konnt, huet si sech net demotivéiere gelooss: Si gleeft un hiert Konzept. Den Ufank war trotzdeem net einfach, och well den Trend vum Second Hand zu Lëtzebuerg an hiren Aen nach net ganz ukomm ass.
“Ech mengen, et ass schonn esou encréiert zu Lëtzebuerg, dass Second Hand entweder Luxusartikele sinn oder fir bedierfteg Leit. Mee dass et lo sou en Trend ass wéi an anere Groussstied, ass nach net grad esou ukomm, virun allem net an all Altersschicht. Mee ech mengen, déi Jonk tëscht 20 a 40 Joer si ganz oppen dofir a wien och oppen dofir ass, sinn Elteren.”
E bëssen eng aner Approchen hunn d’Fanny Bervard an d’Yasmin Frieden. Déi zwou Frëndinne kommen allebéid aus der Moudebranche, schaffen zanter engem Joer zesummen an hu Mëtt Februar hiren neie Projet Bisou Vintage gegrënnt. D’Konzept: Second-Hand- a Vintage-Designer- a Luxusmarken. Verkafe wëlle si d’Artikelen deels iwwer Instagram an zum aneren iwwer sougenannte Pop-up-Events. E Gros kënnt dobäi aus hirem eegene Kleederschaf, ma si wëllen och ausgewielte Guest-Seller d’Méiglechkeet bidden, hir Saachen hei ze verkafen. E wierklech rentabele Business gesinn déi zwee den Ament awer nach net an hirem Konzept, wouwéinst se iwwerleeën, et an Zukunft weider auszebauen.
Fanny Bervard: “Mir hunn driwwer nogeduecht, wéi mer vläicht kéinten expandéieren. An der Zukunft géife mer vläicht soen, déi hei Posch kanns de fir de Weekend léinen. Eng Posch vun 2.000 Euro kanns de fir 150 Euro léine fir deng Soirée. An domat kéint een da wierklech Business maachen.”
Och den Instagram-Site Margot&Marie ass dëst Joer an d’Liewe geruff ginn. Hannert der Säit stécht d’Lynn Olk, eng jonk Fra, déi ëmmer schonn eng Passioun fir Vintage hat an de Site als Hommage no hiren zwou Bome benannt huet. D’Iddi hannert dem Konzept: Hir Passioun fir d’Stöberen op Troccen a Floumäert ausliewen an d’Schätz, déi si hei fënnt, online weiderverkafen. Als Business gesäit si de Projet net, éischter als Hobby, deem si elo an der Pandemie nogoe kann, well hiren eigentleche Beruff esou zimmlech ausgefall ass. Wéi et spéiderhi soll weidergoen, léisst d’Lynn op sech duerkommen.
“Also e richtegt Zil oder eng Visioun hunn ech elo net. Et ka grouss ginn, et muss awer net grouss ginn, well et hëlt och relativ vill Zäit an Usproch, muss ech éierlech soen. Natierlech d’Saache siche goen, se botzen, Fotoe maachen, eng Deskriptioun schreiwe fir déi Saachen,... Wann ech rëm normal schaffen dierf, weess ech net, ob ech do nach Zäit dofir hunn... Mä dat kucken ech dann, wann et souwäit ass.”