
E Samschdeg gouf nämlech eng Plaz am éischte bemannte Fluch vu Blue Origin versteet. An dat fir 28 Milliounen Dollar, also ëmgerechent 23 Milliounen Euro. Mol net 10 Minutten huet d’Stee gedauert. Den Ufankspräis vun dëser Aventure louch bei 4,8 Milliounen Dollar.
Wien un der Säit vum Bezos an de Weltall flitt, ass net gewosst. Dat soll eréischt an e puer Wochen annoncéiert ginn. Nieft dem Amazon-Grënner wëll och säi Brudder Mark an der “New Shepard"-Kapsel sëtzen. Dës soll den 20. Juli fir ronn 4 Minutten iwwert déi sougenannt Kármán-Linn fléien. Déi Linn, déi d’Grenz tëscht der Äerdatmosphär an dem Weltraum markéiert.
Vu Blue Origin heescht et iwwerdeems, dass och nach e 4. Weltraumtourist mat u Bord wäert sinn. Ma och hei ginn et nach keng Detailer iwwert d’Identitéit. Zil vun der Entreprise ass et, an Zukunft Touriste fir kuerz Zäit an den All ze fléien. De System “New Shepard” huet bis ewell 15 onbemannt Testflich erfollegräich absolvéiert.