Méi nohalteg duschenShampoing-Alternative si gutt fir Kierper an Ëmwelt

RTL Lëtzebuerg
Kënnt Dir Iech virstellen, Är Hoer net méi ze wäschen? Einfach an d’Dusch goen an d’Hoer just mat waarmem Waasser ze spullen?
Méi nohalteg duschen
Kënnt Dir Iech virstellen, Är Hoer net méi ze wäschen? Einfach an d’Dusch goen an d’Hoer just mat waarmem Waasser spullen – dat ass alles.

Dat soll net nëmme gutt si fir d’Ëmwelt, mä och fir d’Gesondheet vun den Hoer an der Kapphaut. Ganz sou radikal muss et net sinn, et ginn och Alternativen zum Shampoing aus der Plastiksfläsch, déi net nëmmen eng ëmweltfrëndlech Verpackung hunn, nämlech guer keng, mä och nëmmen aus natierleche Stoffer hiergestallt ass.

Den Olivier Catani huet 3 Methode getest. Eng Woch huet hie seng Hoer nëmme mat waarmem Waasser gewäsch, déi aner Woch mat enger eegener Mëschung aus puerer Seef, Kokosfett, Waasser, Äppelesseg a Lavendelextrakt an déi drëtt a lescht Woch mam Stéck Hoerseef.

Back to Top
CIM LOGO