
An der US-amerikanescher Sendung “Good Morning America” huet d’Schauspillerin matgedeelt, dass si nees Broschtkriibs hätt. Et hätt just e puer Deeg oder Woche gedauert, bis d’Noriicht un d’Ëffentlechkeet komm wier, dowéinst hätt d’Shannen Doherty et léiwer wéilte selwer annoncéieren. Si hätt bewosst den internationalen Dag am Kampf géint de Kriibs erausgesicht, fir hir schlecht Nouvelle bekannt ze maachen.
Am Februar 2015 krut d’Schauspillerin aus der Kultserie “Beverly Hills 90210" eng éischte Kéier d’Diagnose Broschtkriibs.