
Den Numm ass souzesoe Programm, well bei dësem Dag am November huet een d’Méiglechkeet, zu allem a jidderengem léif ze sinn. Wien also meeschtens granzeg an onfrëndlech ass, misst sech op d’mannst den 13. November um Rimm rappen.
A wie sech um Enn vun dësem Dag freet, wat e Groussaarteges ëmgerappt huet, ka wéinstens behaapten e wier fei mat sengem Ëmfeld gewiescht, wat hautdesdaags schonn net selbstverständlech ass.
Vu wou kënnt dee frëndlechen Dag?
Geet een no den Hannergrënn sichen, fënnt een 2 Evenementer, déi op deen Datum zeréckginn.
Den 13. November 1998 war d’Ouverture vun der éischter Konferenz vum “World Kindness Movement” (WKM) zu Tokio. Et ass awer och de Joresdag vum japanesche “Small Kindness Movement”. Op deem Dag gouf déi sougenannten “Declaration of Kindness” ënnerschriwwen. Dëse Mouvement huet sech als Zil gesat, d’Leit fir méi Frëndlechkeet am Ëmgang mateneen ze begeeschteren an esou eng méi frëndlech Welt ze schafen.