
Wien net séier genuch war, fir d’Schong am Travis Scott a sengem Onlineshop ze ergatteren, misst sech bis e Samschdeg gedëllegen. “Cactus Jack Nike SB Dunk Low” heesche se an hunn e Präis vu ronn 150 Dollar. D’Sneaker goufen nëmmen a vereenzelte Geschäfter, déi vun Nike selwer erausgesicht goufen, ugebueden.
Den Olliewood an der Stad war deen eenzege Buttek aus der ganzer Groussregioun, deen dës Sneaker verkaaft huet. Duerch déi extrem limitéiert Unzuel vun deenen exklusive Sneaker goufe sech vill Leit virum Stater Buttek erwaart.
Geplangt war eigentlech, datt déi éischt Clienten, déi do sinn, och als éischt kafen dierfen. Aus Sécherheetsgrënn virun engem Undrang u Mënschemassen hu sech déi Responsabel vum Buttek awer entscheet, eng sougenannt “Raffle” duerchzeféieren. D’Leit konnte sech bis Freideg op der Plaz aschreiwen, fir un der Auslousung vun de ronn 150 puer Schong deelzehuelen. Déi glécklech Gewënner waren domat zum Kaf vun de Sneaker berechtegt. Dës ginn aktuell am Internet scho fir iwwer 1.000 Euro gehandelt.